top of page

A380 fir Global Airlines zu Prestwick geland.

Ludivine

3 mai 2024

Hi Fly huet den éischten A380 fir GLOBAL AIRLINES vun Mojave, iwwer Montréal Mirabel, op Prestwick iwwerliwwert.

Équipen vun Hi Fly Malta hun, an enger Zësummenarbecht mat Airbus an Global Airlines, un de Preparatiounen fir dësen Iwwerliwwerungsflug vum GLOBAL AIRLINES A380-841 mat der Registréieung 9H-GLOBL vun Mojave op Prestwick geschafft, wou de Fliger intensiv Mainteance an Neiausstattung iwwer sech ergoën léisst, iër en rem fir kommerziel Aktivitéiten an d'Loft dierf.


Den éischten Deel vun dëser Streck gouf en Dënschden vun Mojave (MHV) op Montreal Mirabel (YMX) duerchgefouert, mat enger Flugzäit vun 05h40 a baal 4.000km (2150nm). Den zweeten Vol vun Montreal Mirabel (YMX) op Prestwick (PIK) haat eng Dauer vun 07h40 iwwer eng Distanz vun ronn 5200km (2800nm).


A380 an de Faarwen vun GLOBAL AIRLINES.

Dës zwee Volen si mat ausgefuerenem Fuerwiërk geflu ginn, well Stécker fir d'Maintenance um Mechanismus fir d'Eräusfueren vum Fuerwiërk net op der Plaz virhanden waren. Dëst huet dozou gefouert d'Geschwindegkeet reduzéiert war, an och op enger méi niddereger Flughéicht huet missen geflu ginn, mat Montreal Mirabel als Tëschestop fir ze tanken iër et iwwer den Atlantik gaagen ass.


De Fliger, en Airbus A380-841, ass virdrun fir CHINA SOUTHERN geflun, a waar bis zu dësem Vol fir e Joër an der Mojave Wüst geparkt, wou d'Klimaverhältnisser perfekt sinn fir Fligeren iwwer länger Zäit ze parken a Korosiounen u Rumpf, Mechanik an Elektronik ze verhënneren. Eng cumuléiert 4000 Stonnen waaren néideg, fir den A380 an der Wüst z'iwwerhuelen, an en op seng Rees an England virzebereeden. Zu Prestwick gëtt de Super Jumbo engem C-Check ënnerzun, iser d'Kabin en Upgrade kritt a GLOABL AIRLINES Faarwen an Design.


Global Airlines Logo

GLOBAL AIRLINES gouf den 13ten Juli 2021 als Start-Up Airline vum James Asquith, Grënner vun Holiday Swap, an d'Liëwen geruff, a soll eng reng A380 Airline sin. Expert'en hun nach bis virun kuerzem vun engem Publicity Stunt geschwat, vun engem Fake, oder engem kompletten Flop. Dëst ënner anerem, well den James Asquith a sengen Fligeren ënner anerem eng "Gamer Class" aféieren wollt, mat Designs déi net ganz crédibel geschéngt hun.


Des weideren huet de Grënner ganz séier vun Collaboratiounen mat Dom Pérignan geschwat, an ganz exclusiven Produit'en u Bord. Am Endeffekt ass de Kabinenlayout effektiv den konventionnellen Airlines nogeschloen, och wann d'Visioun dann awer déi vum Prestige soll bleiwen, sprëch de Service wéi bei der Pan American Airlines, awer an engem modernen Kader.


GLOBAL AIRLINES wëll sech op Volen tëscht London-Gatwick an verschiddenen Destinatiounen an den USA spezialiséieren.

  • Facebook

© 2024 par airways.lu

bottom of page